Décès Jos Bernard

photo Jos Bernard

D’FLGym trauert ëm de Jos Bernard, deen den 26.01.2020 am Alter vu 95 Joer verscheed ass.

De Jos huet Lëtzebuerg 1948 op den Olympesche Spiller zu London vertrueden an huet spéider duerfir d’Médaille vum Chevalier de l’Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg iwerreescht kritt.

An sénger Funktioun als Eierepräsident vun der Espérance Déifferdeng ass de Jos dem Turnen ëmmer verbonne bliwen.

D’FLGym dréckt der Famill am Trauer hiert Bäileed aus.